1. |
kuck-mëch-Punkt-com
02:46
|
|
||
KUCK-MECH-PUNKT-COM
D’Liewe war sou Gro, dat ännert geschwënn.
INTERNET, dat ass mäin neie Liewenssënn.
Ech stinn moies op, d’Zänn nach net gewäsch,
a schonn mam Kaffi hannert de Schierm gepecht.
Ech kréien alles mat, weess wou eng leeft
Ech sinn all Dag besoff a wien mer dat net gleeft
Kuckt d’Fotoen vu gëschter, déi sinn haut schonn um NET
Hu grad gekatzt a si fir muer nees prett:
Ref 1: O Schierm, o Schierm, ech wëll alles gesinn!
Däin Hond, deng Kaz an och déng Mamm am String
Well wëlls de wëssen wéi et mir geet,
da maach däi COMPUTER un a lies wat do steet
!
O Schierm, o Schierm meng Welt ass VIRTUELL
A mäin „Online-Bupp-Kalenner“
Seet ech sinn erëm Jonggesell
Well Wëlls de wëssen ween mat wiem geet,
Da maach däi COMPUTER un a lies wat do steet!
Ref 2: O Schierm, o Schierm ech kafen alles um Web,
3 mol KLICKEN a meng VISA gëtt gestrëppt bis op den Läpp!
Well wëlls de wëssen, meng nei Fra kënnt aus KUBA,
Mir danzen all Sonden an der KUFA „SALSA“!
Meng Frëndin ass fort, dat ass esou jalous
Wéinst der Tussi op der Foto an op mengem Schouss
Mäi ganzt Privatliewen ass scho längst PUBLIK
Wien brauch do STASI? Et weess een alles mat e puer KLICK!
Ech si beléift, 2000 Frënn aus aller Welt
A weess net wei den Noper heescht, dee grad bei mir schellt
Ech sinn den King vum INTERNET fir mech ass d’Welt ze kleng
Upps den Stroum ass fort, elo sinn ech rëm eleng:
Kuck-mech-punkt-com!
Kuck-mech-punkt-com!
Kuck-mech-punkt-com!
|
||||
2. |
Kuck virun dech
03:30
|
|
||
KUCK VIRUN DECH AN TREPPEL NET DRAN
Deslescht an der Stad hat en Hond ganz gekonnt
Eng gutt Strull matzen op den Trëttoir geschonnt
Hat grad net gekuckt, aner Saachen am Kapp
A mir näischt, dir näischt trëppelen ech an de Flapp!
Ref:
Kuck virun dech an trëppel net dran
Do läit eppes vum Hond, däi Schong ass matzendran!
Egal wou een sech hei och verschanzt
Et gëtt einfach alles zougebranzt
Dem Hond geet et elo besser, hie villt sech elo wuel,
Mee ausser „Gléck“ hunn ech just eng sténkesch Suel
Kuck virun dech an treppel net dran…
An der Dier vrun der Bank, dat fannen ech NULL,
läit do eng waarm an eekleg Strull
Den Iwwerrescht vum Hond senger leschter Schank
Läit hei um deiere Marber blëtz a blank
Wat wollt de Muppi ons domat wuel soen?
Dass et kee Wäert huet op d’Bank ze goen?
Ginn dono op d’Arbescht, an dat mëcht mech béis,
do pescht mer den Schissi nach un de Féiss.
Matt der Poussette fuere mer Slalom « de crotte en crotte »
An d’Kanner bakë « Kichi » an der Sandkaul, wéi flott !
Kréich een sou ee „Meeschter“ an de Grapp,
mat der Gladder an sengem Muppi säi Flapp.
Da géife se verstoen an och gesinn
Dass et net egal ass wou se „Gassi gin“
Kuck virun dech an treppel net dran.
Ref:
Kuck virun dech an trëppel net dran
Do läit eppes vum Hond, däin Schong ass matzendran!
Dem Hond geet et lo besser, hie villt sech elo wuel,
Mee ausser „Gléck“ hun ech just eng sténkesch Suel
Kuck virun dech an trëppel net dran… !
|
||||
3. |
Global Rezessioun
02:27
|
|
||
Global rezessioun
All Banker sinn haut krank am Bett
Méng bank ass Faillite
Ech hunn mäin Spuerkont geplëmmt , all Cent gerett
Wou ass mäin Fric
Ech stieche mäin Goss dann ënnert d’Matrazen
All hu se gelunn
Bis meng konnten rëm Bonus katzen
50 joer gespuertes ass verflunn
Spueren spueren Ëmwelt schounen
Manner auto fueren, lokal firmen beloune
Kuerbel. Kuerbel un der Economie
Mir verleieren all bei desem Monopoly
An Indien spillt den Mittal a geet iwwert „LOS“
Hien spillt mat Liewen
An hei gin dann dreidausend leit endlos
Näischt méi ze Iewen
Um Ekonomie-füllhorn ass den Deckel drop
Mäi Portmonni blutt
Fortis , Kaupthing, alles „ex und hopp“
An op der Strooss mam eidelen Hutt
|
||||
4. |
Gruntz Gruntz Hatschi
03:07
|
|
||
Gruntz-Gruntz-Ha-Tschi
Schlecht Noriichten aus Mexiko
22 sin doud an si stellen sech d’fro
Eng Gripp... eng Pescht... eng Welt wäit plo
Huet elo ons leschten Stonn geschloe
Noriichten ronderëm d’Stonn ginn d’Experten gefrot
All Restaurant ass faillite, an d’Klient ginn verjot
Eng weltweit Panik, vum Flijher an d’Quarantän
Apdikten an Dokteren, beräicheren sech sans gène
E Schëllegen gëtt gesicht – mam Fanger drop gewis
An d’Pharma konzerner laachen hannert der kuliss
Well di äermst aus Mexiko sinn alt erëm Schold
Aus Ënnerdréckung schmëlzen si nees Gold
Gruntz Gruntz Ha Tschi – eng gréisser Dommheet héiert der ni
Gruntz Gruntz Ha Tschi – Verblödung ass di eenzeg Pandemie
Um gesondheets kongress panikéiert jidfereen
Gepotert, a gediedegt, jäizen wei Afen op den beem
Net Afen, mee e Gissi huet säin Numm dofir ginn
Mee do gett et eng saach dei ech net versinn
All Joers stierwen an all Land , an uechter d’Welt
10 mol méi leit u Gripp ouni dass et opfält
Un enger normaler gripp an stellt iech emol vir
Ouni Pandemie ze jäizen – a mat enger Mask op der Stiir
|
||||
5. |
Hallëfnuecht
06:16
|
|
Toxkäpp! Luxembourg
Toxkäpp! (the stubbern ones) started in oct. 1995 at the cultural squat in Luxembourg as an Oi!Punk Band with luxemburgish
lyrics.
Later new musicians joined and the band turned from ska-punk into a 80-ies TWO-TONE-SKA band, playing with Bands like Madness, The Slackers, Aggrolites, Ska-P, Mark Foggo, Too many crooks, Too Hot, Dr Ring Ding... and bringing international audiences to skank.
... more
If you like Toxkäpp!, you may also like:
Bandcamp Daily your guide to the world of Bandcamp