about
"Look-at-me-dot-com" a delightfully satirical piece (with a serious sub context nonetheless) about all the modern "socializing networks" online such as Facebook, twitter or what-have-you. Indeed, sites as these seem to promote socializing and making friends, while in the end they only make you sit alone at home in front of a screen, typing into a computer, daring to say what you would never do face to face. Very social indeed. And who cares about silly pirate, mafia or zombie/werewolf/vampire-games anyway? Or those virtual bottles of champagne and endless rounds of drinks that cost the generous host about as much as the quench your thirst.
Forget it, my thirst is anything but virtual - I'm off to the pub, for some real socializing!
lyrics
KUCK-MECH-PUNKT-COM
D’Liewe war sou Gro, dat ännert geschwënn.
INTERNET, dat ass mäin neie Liewenssënn.
Ech stinn moies op, d’Zänn nach net gewäsch,
a schonn mam Kaffi hannert de Schierm gepecht.
Ech kréien alles mat, weess wou eng leeft
Ech sinn all Dag besoff a wien mer dat net gleeft
Kuckt d’Fotoen vu gëschter, déi sinn haut schonn um NET
Hu grad gekatzt a si fir muer nees prett:
Ref 1: O Schierm, o Schierm, ech wëll alles gesinn!
Däin Hond, deng Kaz an och déng Mamm am String
Well wëlls de wëssen wéi et mir geet,
da maach däi COMPUTER un a lies wat do steet
!
O Schierm, o Schierm meng Welt ass VIRTUELL
A mäin „Online-Bupp-Kalenner“
Seet ech sinn erëm Jonggesell
Well Wëlls de wëssen ween mat wiem geet,
Da maach däi COMPUTER un a lies wat do steet!
Ref 2: O Schierm, o Schierm ech kafen alles um Web,
3 mol KLICKEN a meng VISA gëtt gestrëppt bis op den Läpp!
Well wëlls de wëssen, meng nei Fra kënnt aus KUBA,
Mir danzen all Sonden an der KUFA „SALSA“!
Meng Frëndin ass fort, dat ass esou jalous
Wéinst der Tussi op der Foto an op mengem Schouss
Mäi ganzt Privatliewen ass scho längst PUBLIK
Wien brauch do STASI? Et weess een alles mat e puer KLICK!
Ech si beléift, 2000 Frënn aus aller Welt
A weess net wei den Noper heescht, dee grad bei mir schellt
Ech sinn den King vum INTERNET fir mech ass d’Welt ze kleng
Upps den Stroum ass fort, elo sinn ech rëm eleng:
Kuck-mech-punkt-com!
Kuck-mech-punkt-com!
Kuck-mech-punkt-com!
credits
license
all rights reserved