We’ve updated our Terms of Use to reflect our new entity name and address. You can review the changes here.
We’ve updated our Terms of Use. You can review the changes here.

eSKAl​é​iert

by Toxkäpp!

/
1.
KUCK-MECH-PUNKT-COM D’Liewe war sou Gro, dat ännert geschwënn. INTERNET, dat ass mäin neie Liewenssënn. Ech stinn moies op, d’Zänn nach net gewäsch, a schonn mam Kaffi hannert de Schierm gepecht. Ech kréien alles mat, weess wou eng leeft Ech sinn all Dag besoff a wien mer dat net gleeft Kuckt d’Fotoen vu gëschter, déi sinn haut schonn um NET Hu grad gekatzt a si fir muer nees prett: Ref 1: O Schierm, o Schierm, ech wëll alles gesinn! Däin Hond, deng Kaz an och déng Mamm am String Well wëlls de wëssen wéi et mir geet, da maach däi COMPUTER un a lies wat do steet ! O Schierm, o Schierm meng Welt ass VIRTUELL A mäin „Online-Bupp-Kalenner“ Seet ech sinn erëm Jonggesell Well Wëlls de wëssen ween mat wiem geet, Da maach däi COMPUTER un a lies wat do steet! Ref 2: O Schierm, o Schierm ech kafen alles um Web, 3 mol KLICKEN a meng VISA gëtt gestrëppt bis op den Läpp! Well wëlls de wëssen, meng nei Fra kënnt aus KUBA, Mir danzen all Sonden an der KUFA „SALSA“! Meng Frëndin ass fort, dat ass esou jalous Wéinst der Tussi op der Foto an op mengem Schouss Mäi ganzt Privatliewen ass scho längst PUBLIK Wien brauch do STASI? Et weess een alles mat e puer KLICK! Ech si beléift, 2000 Frënn aus aller Welt A weess net wei den Noper heescht, dee grad bei mir schellt Ech sinn den King vum INTERNET fir mech ass d’Welt ze kleng Upps den Stroum ass fort, elo sinn ech rëm eleng: Kuck-mech-punkt-com! Kuck-mech-punkt-com! Kuck-mech-punkt-com!
2.
KUCK VIRUN DECH AN TREPPEL NET DRAN Deslescht an der Stad hat en Hond ganz gekonnt Eng gutt Strull matzen op den Trëttoir geschonnt Hat grad net gekuckt, aner Saachen am Kapp A mir näischt, dir näischt trëppelen ech an de Flapp! Ref: Kuck virun dech an trëppel net dran Do läit eppes vum Hond, däi Schong ass matzendran! Egal wou een sech hei och verschanzt Et gëtt einfach alles zougebranzt Dem Hond geet et elo besser, hie villt sech elo wuel, Mee ausser „Gléck“ hunn ech just eng sténkesch Suel Kuck virun dech an treppel net dran… An der Dier vrun der Bank, dat fannen ech NULL, läit do eng waarm an eekleg Strull Den Iwwerrescht vum Hond senger leschter Schank Läit hei um deiere Marber blëtz a blank Wat wollt de Muppi ons domat wuel soen? Dass et kee Wäert huet op d’Bank ze goen? Ginn dono op d’Arbescht, an dat mëcht mech béis, do pescht mer den Schissi nach un de Féiss. Matt der Poussette fuere mer Slalom « de crotte en crotte » An d’Kanner bakë « Kichi » an der Sandkaul, wéi flott ! Kréich een sou ee „Meeschter“ an de Grapp, mat der Gladder an sengem Muppi säi Flapp. Da géife se verstoen an och gesinn Dass et net egal ass wou se „Gassi gin“ Kuck virun dech an treppel net dran. Ref: Kuck virun dech an trëppel net dran Do läit eppes vum Hond, däin Schong ass matzendran! Dem Hond geet et lo besser, hie villt sech elo wuel, Mee ausser „Gléck“ hun ech just eng sténkesch Suel Kuck virun dech an trëppel net dran… !
3.
Global rezessioun All Banker sinn haut krank am Bett Méng bank ass Faillite Ech hunn mäin Spuerkont geplëmmt , all Cent gerett Wou ass mäin Fric Ech stieche mäin Goss dann ënnert d’Matrazen All hu se gelunn Bis meng konnten rëm Bonus katzen 50 joer gespuertes ass verflunn Spueren spueren Ëmwelt schounen Manner auto fueren, lokal firmen beloune Kuerbel. Kuerbel un der Economie Mir verleieren all bei desem Monopoly An Indien spillt den Mittal a geet iwwert „LOS“ Hien spillt mat Liewen An hei gin dann dreidausend leit endlos Näischt méi ze Iewen Um Ekonomie-füllhorn ass den Deckel drop Mäi Portmonni blutt Fortis , Kaupthing, alles „ex und hopp“ An op der Strooss mam eidelen Hutt
4.
Gruntz-Gruntz-Ha-Tschi Schlecht Noriichten aus Mexiko 22 sin doud an si stellen sech d’fro Eng Gripp... eng Pescht... eng Welt wäit plo Huet elo ons leschten Stonn geschloe Noriichten ronderëm d’Stonn ginn d’Experten gefrot All Restaurant ass faillite, an d’Klient ginn verjot Eng weltweit Panik, vum Flijher an d’Quarantän Apdikten an Dokteren, beräicheren sech sans gène E Schëllegen gëtt gesicht – mam Fanger drop gewis An d’Pharma konzerner laachen hannert der kuliss Well di äermst aus Mexiko sinn alt erëm Schold Aus Ënnerdréckung schmëlzen si nees Gold Gruntz Gruntz Ha Tschi – eng gréisser Dommheet héiert der ni Gruntz Gruntz Ha Tschi – Verblödung ass di eenzeg Pandemie Um gesondheets kongress panikéiert jidfereen Gepotert, a gediedegt, jäizen wei Afen op den beem Net Afen, mee e Gissi huet säin Numm dofir ginn Mee do gett et eng saach dei ech net versinn All Joers stierwen an all Land , an uechter d’Welt 10 mol méi leit u Gripp ouni dass et opfält Un enger normaler gripp an stellt iech emol vir Ouni Pandemie ze jäizen – a mat enger Mask op der Stiir
5.

about

This EP, recorded in 2010 was the first recording with the new line up and represents yet another venture into some even more melodic, brass and organ-dominated field.

credits

released October 9, 2010

license

all rights reserved

tags

about

Toxkäpp! Luxembourg

Toxkäpp! (the stubbern ones) started in oct. 1995 at the cultural squat in Luxembourg as an Oi!Punk Band with luxemburgish lyrics.

Later new musicians joined and the band turned from ska-punk into a 80-ies TWO-TONE-SKA band, playing with Bands like Madness, The Slackers, Aggrolites, Ska-P, Mark Foggo, Too many crooks, Too Hot, Dr Ring Ding... and bringing international audiences to skank.
... more

contact / help

Contact Toxkäpp!

Shipping and returns

Report this album or account

If you like Toxkäpp!, you may also like: